Häerzlech Wëllkomm bei der Hesper Musek

 
D‘ Hesper Musek besteet aus ronn 50 aktive Memberen. Si gi geleet vum Nadine Bichler, engem Hesper Meedchen, dat et versteet, mat vill Fangerspëtzegefill an Enthusiasmus seng Musikantinnen a Musikanten ze begeeschteren an dat Bescht aus dësem flotte Grupp erauszehuelen. 

Egal ob Flütt oder Klarinett, Saxophon, Cor, Trompett an Trombone bis hin zum décke Bass; jiddereen deen e Blosinstrument oder Percussioun spillt, ass an eisem Veräin häerzlech wëllkomm.

Nieft eisen zwee grousse Gala-Concert‘en triede mir nach bei ronn enger Dosen aneren Evenementer queesch uechtert d‘Joer op. Sief et op engem Grillfest oder dem Hämmelsmarsch, iwwerall si mir dobäi fir e musikalesche Kader ze bidden a gutt Stëmmung ze man.

Wie Loscht huet, eisem Veräin bäizetrieden, dee ka ganz einfach eemol Freides Owes géint halwer 8 an eise Musekssall iwwert dem Pompjeesbau zu Hesper laanschtkommen.

Fir di méi jonk Musikanten hu mir natierlech och eng ganz aktiv Jugendmusek.
 De_Jugendorchester.htmlshapeimage_4_link_0

Hei kënnt Dir Kontakt mat eis ophuelen

 
 
 

Formidabel 2012 Fuesméindeg, den 20. Februar zu Hesper am Centre Civique mat den Providers!!!

Elo scho virmierken: