D'Hesper Musek

D'Hesper Musek besteet aus ongeféier 50 aktive Musikanten. Egal ob Flütt oder Klarinett, Saxophon, Cor, Trompett oder Trombone bis hin zum décke Bass ; jiddereen deen en Instrument spillt, ass an eisem Veräin häerzlech wëllkomm. Mir gi geleed vum Här Romain Zante. Nieft eisem grousse Gala-Concert an eisem Wanterconcert, triede mir nach bei ronn enger Dosen aneren Evenementer queesch uechtert d'Joer op. Sief et op engem Grillfest oder dem Hämmelsmarsch, iwwerall si mir mat flotter Musek a gudder Stëmmung dobäi.
Wie Loscht huet, bei eis matzemaachen, dee ka ganz einfach eemol Freides Owes géint hallwer 8 an eise Musekssall iwwert dem fréiere Pompjeesbau zu Hesper laanschtkommen oder eis einfach kontakteieren.
Fir di méi jonk Musikanten hu mir natierlech och eng ganz aktiv Jugendmusek. Mir freeën eis iwer all neie Member, egal op jonk oder al, ob Ufänger oder laangjährege Musikant.