Steve Boehm

1983 zu Lëtzebuerg gebuer, huet de Steve Boehm am Alter vun 11 Joer ugefaang am Escher Conservatoire beim Jean-Claude Braun (Chef de la Musique Militaire Grand-Ducale) Cor ze léieren, wou hie säin "Diplôme Supérieur avec Distinction" an den "Diplôme de Concert/Prix Interrégional" gemaach huet. Seng Karriär am Escher Conservatoire féiert zu engem „Prix Supérieur de musique de chambre, lecture & transposition, Solfège spécialisé“ mat Distinction.

Duerno huet de jonke Museker, aktive Member vun derEscher Stadmusek an der Zolwer Musek, an der Meeschterklass beim Jacob Slagter (Solo Cor vum Royal Concertgebouw Orchestra) am Conservatorium van Amsterdam studéiert, wou hie mat Bravour säi "Bachelor" a säi "Master of Music" ofgeschloss huet.   

De Steve ass esou wuel e vill gefroteMuseker, wéi och Dirigent & Arrangeur. Als Corniste huet hien an iwwert
enger Dose Filmmusiken an Opname matgewierkt, an huet a verschidden Orchesteren & Ensemble matgespillt:
Jeju Philharmonic Orchestra (South Korea), Miami University Symphony Orchestra, Orchestre National de Belgique, Orchestre Philharmonique Royal de Liège, Orchestre Philharmonique de Strasbourg, Berliner Symfoniker, Orchestre Philharmonique du Luxembourg, Noord Nederlands Orkest, Royal Concertgebouw Orchestra, Henan Symphony Orchestra, Tianjin Symphony Orchestra, Zhejiang Symphony Orchestra (China), Stradivari Quartett, Luxembourg Brass, United Instruments of LUCILIN.    

Hei konnt hien ënnert bekannten Dirigenten a Komponiste vill Erfahrung sammelen: John Adams, Jan Cober, Colin Davis, Gustavo Dudamel, Tan Dun, Adam Fischer, Valery Gergiev, Jan de Haan, Bernard Haitink, Mariss Jansons, Kristian Järvi, Neeme Järvi, Oliver Knussen, Emmanuel Krivine, Jon Lord, James MacMillan, Kurt Masur, Johan de Meij, Jan van der Roost, Esa-Pekka Salonen, Jukka-Pekka Sarast & Muhai Tang.    

Zënterhier féiere seng musikalesch Aktivitéiten hie queesch duerch Europa, iwwer Asien bis an Nord- & Südamerika, wou hien a grousse renomméierte Concertshaiser opgetrueden ass. Vun 2003 bis 2009 wor de Steve Solo Corvum European Union Youth Wind Orchestra a vum National Youth Orchestra of the Netherlands (2008-2009). Nieft enger Rei vu Solooptrëtter a Recitalen, huet hien ënner anerem als Solist mam OPL gespillt, wou hie vun 2007 bis 2009 Stagiaire wor, wéi och am Royal Concertgebouw Orchestra. 

De Steve krut eng ganz Rei vu Präisser,hien ass Lauréat vum Concours Européen pour Jeunes Solistes, wou hien eng
"Médaille d’Or et le Prix SACEM 2002" krut a vum Concours Artistique d'Epinal, wou hien eng "Médaille d'Or à l'unanimité du Jury" krut. Doriwwer eraus, gouf hien (2009) fir besonnesch musikalesch Leeschtunge mat engem Stipendium vun der "International Association of the Richard Wagner Societies & Foundation" vu Bayreuth geéiert.

De Steve enseignéiert Cor, Déchiffrage& Kammermusek an der Käerjenger & Diddelenger Musekschoul. Hien ass Member vum Orchestre de Chambre du Luxemborug “Les Musiciens“, vum Luxembourg Sinfonietta a vum Orchestre National de Jazz. Am Summer 2012 huet de Steve als SoloCor am Shanghai Philharmonic gespillt, wou en e Vertrag ugebuede krut, deen en dunn allerdéngs ofgeleent huet fir seng musikalesch Aktivitéiten a professionell Bezéiungen an der Groussregioun & Lëtzebuerg net mussen opzeginn. 

Vun 2006 bis 2016 wor de Steve Dirigentvun der Wormer Musek a glaichzäiteg vun 2008 bis 2016 och vun de Fanfares des
Faubourgs. Zënter 2015 dirigiert hien d’Sandweiler Musek a seit Februar och 2017 d’Hesper Musek. Hien dirigéiert regelméisseg verschidden Orchesteren an Ensemblen aus der Groussregioun. Als Dirigent gëtt seng Aarbecht grouss unerkannt a geschätzt, esou dass d'Musekszäitschrëft Pizzicato dës Wieder iwwert hie geschriwwen huet:

„Steve Boehm bringt in seinenProduktionen zweifellos eine jugendlich unschuldige Vision der Exzellenz mit, die, verbunden mit seiner Begeisterungsfähigkeit, jener vielen Musiker, Professionelle und Amateure, die diese Visionen unter seiner offenbar ebenso charismatischen wie hoch professionellen Leitung gerne umsetzen. Und so entstehen musikalische Expeditionen, aus welchen beeindruckend viel jugendlicher Enthusiasmus spricht, viel Musikalität, sowie viel Know-How“.

(Remy Franck, Jury-Präsident des ’International Classical Music Awards’& Chefredakteur der Klassik-Zeitschrift Pizzicato)