Historique

Well d’Zuel vun de jonke Leit an der Hesper Museksschoul ëmmer méi grouss gëtt, entscheed de Comité vun der Hesper Musek sech am Joer 2000 dozou en eegene Jugendorchester op d’Been ze stellen. Ënnert dem Impuls vum President Pierre Lorgé an dem Claude Klepper ginn éischt Schrëtter an d’Wee geleet. De Roby Thill, e Musikant aus eegene Reien, gëtt als Dirigent engagéiert.Enn November, no enger Informationsstonn fir d’Elteren, schéngt alles prett ze si fir am Januar mat éischte Prouwe lasszefueren.

Mat jonke Leit, vun deenen e groussen Deel eréischt e puer Méint virdrun hiert éischt Instrument am Grapp haten, ass et am Ufank net einfach fir Musek ze maachen. Et musse Stécker fonnt ginn an deenen nëmmen Nouten dra virkommen déi si scho kennen. No kuerzer Zäit kann een éischt Fortschrëtter héieren an et mierkt ee richteg wéi motivéiert déi jonk Leit sinn. Wéi den Orchester gefrot gëtt fir um Schoulfest um Houwald e Concert ze spillen, gëtt dësen Challenge einfach emol ugeholl.

En éischten Optrëtt hunn déi Jonk awer schon Enn Mee um Houwald beim Hämmelsmarsch. Zu ganz vill si si do, a kënnen zum Erstaune vun deene Groussen den Hämmelsmarsch feelerfräi spillen.Fir de Concert den 30.Juni um Houwald erklären e puer erfuere Musikanten aus der grousser Musek sech bereet den Orchester ze ënnerstëtzen, besonnesch op deene méi décken Instrumenter, wou et natierlech nach feelt. Als Animateur kann de Pierre Lorgé e flotte klenge Concert présentéieren, deen d’Zeeche fir d’Zukunft setze soll.

Um Programm sti vereinfacht Versioune vun dëse Stécker:
James Bond Theme
Conquest of Paradise
Flintstone
Millitari escort

D’Zesummesetzung vum éischten Optrëtt war déi hei:Martine Schadeck, Anne Descoups, Emilie Duval, Nadia Bemtgen, Philippe Folschette, Martine Klepper, Nadine Schmitz, Laurence Bingen, Veikko Lathenmaki, Anna Bracke, Fabien Funk, Rose Thurmes, Claire Descoups, Tom Barnig, Jacques Kieffer, Gilles Zimmer, Jean-Marc Sax, Michel Wirtz, Stéphanie Klepper, Youri Popoff, Joël Schadeck, Max Weiler, Nicolas Bastien, Nadège Duval, Malou Weins, Benoit Descoups, Andy Bourg, Nicolas Hein, Aurélie Lima dos Santos.Verstäerkung: Jang Fixmer (Posaun), Patric Lorgé (Bariton), Pol Weins (Bass Si.b)

Knapp 6 Méint nom Ufank huet den Numm "Harmonie des Jeunes Hesper" sech erëmgeschwat a weider Engagementer kommen zustan. Op der Journée des Récompenses um Houwald gëtt de Programm vum Schoulfest nach eng Kéier gespillt. Fir de 16. Mäerz 2002 verschaaft de Claude Klepper dem Orchester en Optrëtt beim bekannte Concert "Just youth" vun der Bouneweger Musek. Elo heescht et op d’Zänn bäissen an üben, üben, üben… D'Jugendmusek gëtt an hirer zweeter Saison richteg gefuerdert.

Well de Président Pierre Lorgé dem Orchester fir den Dag virdrun en Engagement op dem Hobbymaart um Houwald verschaaft huet, kann d’Generalprouf gläich ënner réelle Konditiounen ofgehale ginn.

Samschdes zu Bouneweg kënnen eis jonk Musikantinnen a Musikanten de ganze Sall begeeschteren an den häerzlechen Applaus mecht hir Motivatioun fir d’ Zukunft nach méi grouss. Den éischte groussen Optrëtt war also gelongen, an en Artikel an eng Photo am Luxemburger Wort hunn eis Jugendmusek iwwer d’Grenze vun der Gemeng eraus bekannt gemach.

Dueropshin gëtt den Orchester gläich fir 4 Concerten engagéiert an domadder war eis Jugendmusek voll lancéiert a bis haut sinn déi Jugendlech mat vill Freed a Motivatioun dobai.