Wou? Où?

Am Proufsall zu Hesper :
 
11, rue de Bettembourg
L-5810 Hesperange
 

Wéini? Quand?

Am Prinzip all Freideg vun 19:30 bis 21:30 Auer
En principe chaque vendredi de 19:30 à 21:30 h

Kontakt

Marc MERSCH, président

contact@hmhesper.lu

Déi nächst Prouwen an Optrëtter

22
Sep
18:00
22
Sep
19:30
29
Sep
18:00
29
Sep
19:30

D'Hesper Musek

D'Hesper Musek besteet aus ongeféier 50 aktive Musikanten. Egal ob Flütt oder Klarinett, Saxophon, Cor, Trompett oder Trombone bis hin zum décke Bass; jiddereen deen en Instrument spillt, ass an eisem Veräin häerzlech wëllkomm. Mir gi geleed vum Här Steve Boehm. Nieft eisem grousse Gala-Concert an eisem Wanterconcert, triede mir nach bei ronn enger Dosen aneren Evenementer queesch uechtert d'Joer op. Sief et op engem Grillfest oder dem Hämmelsmarsch, iwwerall si mir mat flotter Musek a gudder Stëmmung dobäi.Wie Loscht huet, bei eis matzemaachen, dee ka ganz einfach eemol Freides Owes géint hallwer 8 an eise Musekssall iwwert dem Pompjeesbau zu Hesper laanschtkommen oder eis einfach kontakteieren.Fir di méi jonk Musikanten hu mir natierlech och eng ganz aktiv Jugendmusek. Mir freeën eis iwer all neie Member, egal op  jonk oder al, ob Ufänger oder laangjährege Musikant.