Grënnung vun der Hesper Musek

Den 11. Juni 1899 ass zu Hesper d’Musek ënnert dem Numm "Harmonie de Hesperange" gegrënnt ginn. Fir Suen an d'Keess ze kréien huet all aktive Musikant 10 Mark a Gold an all Mount 5 Frang misse bezuelen. Bei hirer definitiver Grënnung den 18. Juni vum selwechte Joer hat eis Musek dunn 34 aktiv an 23 inaktiv Memberen.

Nom éischte Weltkrich 1919 waren nach 1055 Frang an der Keess. De Veräin huet 39 Musikante gezielt. 

Am Joer 1920 huet d’Hesper Musek 39 aktiv Musikanten.

Nom Zweete Weltkrich, en neien Ufank mat 645 Frang an der Keess.

D’Hesper Musek zielt 1973 60 aktiv Musikanten a kritt den Titel Harmonie Municipale Hesperange.

1995
 war d'Zuel vun de aktive Musikanten bei 70 ukomm.

Den Iwwergang an dat neit Jorhonnert huet d'Hesper Musek gutt iwwerstanen an ass an der Tëschenzäit eng a.s.b.l. ginn.

De Fändel

Am Joer 1900 huet de Cafetier Jean CONTER, Wiirt aus der Stad, den éischte Fändel, deen de 5. Juli feierlech ageseent ginn ass, gestëft. 

Matt engem neie Fändel ass 1949 de 50. Anniversaire gefeiert ginn. D’Madame Marie GRUN-WEIS ass Giedel, den Här Jean MULLENBACH Pätter. 

No de Feierlechkeete vum 75. Anniversaire 1974, kritt d'Musek de 6. Juli 1975 hiren 3. Veräinsfändel. Giedel a Pätter vum neie Fändel sinn d’Madame Gritty THOMA-SCHEER an den Här Marcel HELLERS.

Dirigenten

1899 - 1903: Pierre Putz
1903 - 1904: Wiegleb
1904 - 1905: Hubert Paulus
1905 - 1934: Pierre Putz
1934 - 1971: Paul Pierrard
1971 - 1979: Fernand Drees
1979 - 1986: Roger Dondelinger
1986 - 1990: Jeannot Weimerskirch
1990 - 1997: Fernand Collignon
1997 - 2003: Armand Meis
2003 - 2005: Olivier Gravier Schreiber
2005 - 2009: Thomas Meunier
2009 - 2016: Nadine Bichler
2016 - 2017: Patrick Yves Hengen (Interim)
2017 - 2023: Steve Boehm
2023 - haut: Romain Zante
 
 

Concoursen

Bis 1914 huet d'Hesper Musek u verschiddene Concoursen deelgeholl.

Nom zweete Weltkrich bis 1959 op hirem 60. Anniversaire hat d'Hesper Musek d'Divisioun 1.A erreecht.

Den 10. Dezember 1968 spillt d’Hesper Musek um Concours zu Bieles a kritt do de 1er Prix avec distinction.

1973 klëmmt d'Hesper Musek an d'Division Supérieure.

Den 31. Mee 1981, um Concours zu Schëffleng ass d’Hesper Musek déi zweetbescht an der Division Supérieure mat engem excellente Resultat: Lecture à vue 177, Morceau au choix 174 a Morceau imposé 173 Punkten. 

1996 gëtt d'Hesper Musek zu Sandweiler um Concours an d'Division Excellence klasséiert.

Theater

1904: Fuesméindeg, Fuesdënschdeg a Chrëschtdag gëtt Theater gespillt an an deenen nächste Joeren ginn eng sëllechen Theaterstécker vun der Hesper Musek opgefouert.

Uniformen

Déi éischt Uniforme kruten déi Hesper Musikanten am Joer 1936.

De Piccolo

Am Januar 1984 kënnt den 1. "Bulletin de Liaison" mam Titel "PICCOLO" ënnert der Fieder vum Pol KELLER eraus. Vun 1988 un ass de Jotte We (Jos WEIS) Chefredakter vun  dësem Blietchen. Bis den 10. Oktober 1996 komme méi ewéi 60 där Hefter eraus.

De Formidabel an d'Hesper Kutsch

Der Hesper Musek hire Fuesbal kritt 1961 den landbekannten Numm "FORMIDABEL". Fir déi Geleeënheet kënnt och di éischt Nummer vun der "Hesper Kutsch" eraus. Fuesméindeg, den 13. Februar gëtt d’Lidd "T’ass formidabel" aus der Fieder vum Nic BAUMANN fir d’éischte Kéier vun de Musikante virgedroen. 2015 huet dee läschte Formidabel stattfonnt. D'Hesper Kutsch gëtt et awer nach bis haut.

Feierlechkeeten

1919 sinn, mat der Bedeelegung vun enger amerikanescher Regimentsmusek, 20 Joer Musek gefeiert ginn.

1949 ass de 50. Anniversaire gefeiert ginn.

Den 23. September 1962 suergt d’HMH fir de musikaleschen Encadrement bei der Aweiung vum neie "Centre Civique", an deem och vun elo un hire neie Proufsall ass.

Vum 30. Mee bis de 7. Juni 1964 ass eng Musekswoch zu Éiere vum Här Paul PIERRARD, deen elo 30 Joer Dirigent vun der Hesper Musek ass.

Bei Geleeënheet vum 70. Anniversaire vun eiser Musek an dem 35. Joer als Dirigent vum Här Paul PIERRARD ass de 15. November 1969 e Gala-Concert am Centre Civique.

1974 sinn d'Feierlechkeete vum 75. Anniversaire.

Fir hiren 90. Anniversaire gëtt d’HMH de 16. Juni 1989 e Gala-Concert am grousse Sall vum Centre Civique. De Poeme Symphonique "Hommage à Hesperange", deen de Jean-Pierre KEMMER extra fir déi Geleeënheet komponéiert huet, gëtt uropgefouert.

Mat enger ganzer Rei vu brillante musikaleschen Evenementer an enger wonnerbarer Brochure gëtt 1999 de Centenaire gefeiert.
Fir den 110. Anniversaire vun eiser Musek, am Joer 2009, gëtt d’ Stéck "Le Son d’Ys-110" - vum bekannte belsche Komponist Alain CREPIN um Concert de fin d’année zu Hesper am Centre Civique uropgefouert.

D'Hesper Musek am Joer 1934